D‘Elbphilharmonie „Elphi“

image195

D‘Plaza an der “Elphi“, as all Daag op a ka besicht gin. Et kann een entweder direkt gratis Ticket‘en an der Kees kréien  (mat  eventuell  Waardezäit)  oder  online  fier  2€  kaafen  ouni  mussen  ze  waarden.  

Miniatur Wunderland

image196

Mat enger Fläch vun 1499qm, 263.000 Figurinen, 15.400m Schinnen a villes méi, as dëst di gréissten Modeleisebunnanlaag op der Welt. Ugefaangen gouf am Joer 2000 an d‘Anlaag gett nach ëmmer erweidert. De perfekten Zäitverdraif beim typeschen Hamburger Shietwieder!

St Michaelis-Kierch „de Michel“

image197

D‘Wahrzeechen vun der Hansestaat Hamburg as d‘Haaptkierch St Michaelis. Besonnech beandrockend as d‘Kierchescheff mat de 5 Uergelen, de Gewölbekeller an di fabelhaft Vue vum Kirchtuerm. A sénger knapp 400 Joer aaler Geschicht, huet de „Michel“ zweemol misste nees komplett opgebaut gin. 

Baussenalster an d‘Fleeten

image198

D‘Baussenalster a seng Kanäler, bei eis heeschen di „Fleeten“, bidde bei guddem Wieder di perfekt Mèiglechkeet Hamburg vum Waasser aus ze entdecken, op per Standup Paddle oder Boot/Kayak. 

Planten un Bloomen

image199

Planten  un  

blomen  as  di  gréng  Long  vun  Hamburg.  Den  traditiounsräiche  Park  beherbergt  verschidden  Themengäärt,  wi  den  Aalen Botanesche Gaart Hamburg an ee vun deene gréissten Japanesche Landschaftsgäärt an Europa. Planten un Blomen bidd vill méi wi just „Planzen a Blummen“

An nach vill méi...

image200

Egal op der iergentwoumeppes drénke wellt, akaafe goen oder einfach relaxéieren, d‘interaktiv Kaart bidd verschidde Méiglechkeeten.